Een Audio-Foto Projet vum Jessica Theis am Kader vum Projet Cliché - société en migratioun vun der Oeuvre Grande-Duchesse Charlotte. 
Wee bass du ? gëtt de Leit mat Handicap eng Stemm. Oft ginn des Leit mat Virurteeler konfrontéiert an deem setzt dësen authenteschen Projet eppes entgéint. 
24 ënnerschiddlech Leit sinn fotograféiert ginn an e Gespréich ass mat opgeholl ginn. Wee bass du war ëmmer déi éischt Fro déi gestallt ginn ass.
Bleift virwetzech a loosst iech des Temoignagen net entgoen, ze gesinn den 19ten Juni am Cercle Cité Auditorium, als Ausstellung op der Stroossbuerger Platz, als Buch an online op jess.lu.
Back to Top